
Energieklass A
D’Gebai, klasséiert « A-A-A » no den energetesche Leeschtungszertifikaten, erlaabt eng rational Energienotzung.
Modern, well e Spëtzekonstruktiounstechniken asetzt, déi d’Ëmwelt respektéieren.
Duerchduecht, well dës Techniken kombinéiert si fir senge Bewunner de gréisste Komfort ze bidden, ganz andeems eng einfach Verwaltung an niddreg Chargë garantéiert sinn.
D’Gebai, klasséiert « A-A-A » no den energetesche Leeschtungszertifikaten, erlaabt eng rational Energienotzung.
D’Hëtztproduktioun gëtt duerch eng Wäermepompel Loft/Waasser geséchert an d’Verbreedung geet iwwer adaptéiert Hëtzkierper zur Verbreedung vun niddreger Temperatur.
D’ PVC Rumme si mat dräifach Verglasung ausgestatt.
Eng kontrolléiert Wunnraumbelëftungsanlag mat Réckféierung vun den enthalene Wäermeeenheeten an der evakuéierter Loft ass fir all Appartement virgesinn.
All vertikal Rummen ausser den Aganksdieren, d’Daachfënsteren an d’Ofstellraim baussen hu vertikal elektresch Rollluede baussen».
verstäerkt thermesch Isolatioun a Schalldämpfung.
De Lift an d’Lafgänk, déi an déi verschidden Appartementer féiere si Baussenzonen a bidden de Bewunner e grousse Komfort
E Reewaasserkessel ass virgesi fir d’Toilettennotzung.
Et gi Kelleren an zousätzlech Banneparkplazen als Optiounen ugebueden.
D’Setze vun engem Buedemheizungsnetz erlaabt eng Verbreedung vun niddreger Temperatur a gëtt als Optioun fir d’Appartementer um Rez-de-chaussée ugebueden.